Rosa Lëtzebuerg begréisst an engem Schreiwes d'Zesummenaarbecht mam Diversitéitsministère fir den nationalen LGBTQIA Plus-Aktiounsplang (PAN). Dee gouf viru Kuerzem virgestallt. D'Wichtegkeet vun dësem nationalen Aktiounsplang géif vun der DP-Ministesch Yuriko Backes seriö geholl ginn, mee leider wier dat awer net an all de Ministèren de Fall, esou den Laurent Boquet.
Wichtegkeet vum Sujet schéngt net erkannt ze ginn
No där éischter Versioun vum PAN hätt een als ASBL eng Drénglechkeetssëtzung beim Gesondheetsministère ugefrot. Déi hätt een och krut, mee ouni d'Ministesch selwer.
“Mir hunn do mat de Beamten diskutéiert, eis Punkten nogeluecht. Déi goufen och gehéiert, mee ech mengen, datt net d’Intentioun besteet se direkt ëmzesetzen.”
Transidentitéit ëmmer nach als "Krankheet" ofgestempelt
Virun allem bei enger Fuerderung vu Rosa Lëtzebuerg wier de Gesondheetsministère gefrot, seet den Laurent Boquet, nämlech bei der Geschlechtsëmwandlung vun Transmënschen. Nach ëmmer misste Mënschen, déi hiert Geschlecht änneren, fir op d'mannst ee Joer bei engem Psychiater an Therapie goen.
“Mir hunn eng ganz héich Penurie u Psychiateren. Dat ass kee Geheimnis. Trotzdeem obligéiere mir Leit, déi et net brauchen, bei ee Psychiater ze goen iwwer ee Joer laang, fir e Certificat ze kréien, deen d’Hormontherapie oder geschlechtsugläichend Operatiounen erméiglecht.”
Weider missten d’geschlechtsugläichend Operatioune bei intersexuelle Kanner bei der Gebuert verbuede ginn, fënnt rosa Lëtzebuerg - an och bei der Ausbildung vum Léierpersonal missten LGBTQIA+-Theemen eng méi eng grouss Wichtegkeet kréien, esou nach den Laurent Boquet.