Et kéint een net soen, datt dat eng gutt Nouvelle wier, seet d’Catherine Goetzinger, déi dës Zuelen zesummegestallt huet. Do hätten nach vill aner Indicateuren en Impakt drop.
“Da muss ee kucken, wat ass de Recours vum Dokter? Wéi vill Leit gi bei deen Dokter? Wéi dacks gi si bei deen Dokter? Wéi ass d’Organisatioun vun der Gesondheetsversuergung? Do si vill aner Indicateuren, déi en Impakt hunn, fir ze soen, ob dat elo gutt ass oder net.”
Genee dës Facteure wëllt den Observatoire elo nach méi genau ënner d’Lupp huelen, fir e komplett Bild iwwer den Zoustand vum Gesondheetssecteur ze kréien.
Fir ze wëssen, ob wierklech genuch Dokteschen an Dokteren disponibel sinn, wier et zum Beispill wichteg ze wëssen, wéi vill all Dokter schafft, seet d’Catherine Goetzinger.
“Bei de Salariéë schwätze mir ëmmer vun temps plein, temps partiel. Dat ass awer net esou einfach, wann een och Independanten huet. Dat heescht, do ginn et elo Methoden, fir kënnen ze kucken, wéi aktiv ass e Generalist, wéi aktiv ass e Kannerdokter, wéi vill vun hiren Aktivitéite si fir d'Soins-primairen. Dat sinn déi nächst Etappen, wou d'Aktivitéit eeben analyséiert soll ginn.”
D’Conclusiounen aus all deenen Zuele wäert dann d’Regierung mussen zéien.
Ronn zwee Drëttel vun den Infirmi(è)ren kënnt aus dem Ausland
Aus deenen neien Zuelen geet zum Beispill och ervir, datt et am Joer 2023 10.159 aktiv Infirmière an Infirmieren goufen. Dat sinn 38 Prozent méi wéi am Joer 2013. Pro Awunner:in gekuckt ass et e Plus vu 15 Prozent.
81,2 Prozent dovunner si Fraen. Dee Prozentsaz ass an de leschten 10 Joer stabel bliwwen.
32,9 Prozent vun den Infirmièren an Infirmiere wunnen zu Lëtzebuerg, 34,7 Prozent a Frankräich, 21 Prozent an Däitschland an 11,2 Prozent an der Belsch. Den Taux vun den Infirmièren an Infirmieren, déi Resident zu Lëtzebuerg sinn, ass an de leschten 10 Joer ëm ronn 10 Prozent gefall. An den Taux vun de franséischen Infirmièren an Infirmieren ass ëm ronn 10 Prozent geklommen.
Am Verglach goufen et 2023 5.021 aktiv Aide-soignanten. Dat ass e Plus vu 40 Prozent par rapport zu 2013. Och do sinn d’Majoritéit Frae mat 85,6 Prozent.
Bei den Aide-soignanten wunnen 51,5 Prozent zu Lëtzebuerg an déi Zuel ass relativ stabil bliwwen an de leschten 10 Joer. Ronn ee Véirel kënnt aus Frankräich, 17,7 Prozent aus Däitschland an nëmme knapp 5 Prozent aus der Belsch.
Hei fannt Dir déi sougenannte “Factsheets” vum Observatoire National de la Santé.