arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Gesetzpropositioun fir Stierfhëllef ugeholl 

Palliativmedezin 

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Frankräich: Gesetzpropositioun fir Stierfhëllef ugeholl 

Um Dënschdegowend goufen an der franséischer Assemblée nationale zwee Gesetzesprojete gestëmmt: Ee fir d’Reform vun der Palliativmedezin, deen anere fir d’Aféierung vun der Stierfhëllef. Dës war awer am Virfeld vill diskutéiert ginn. De President Macron huet nom Vott vun enger wichteger Etapp geschwat.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Eng Aide-soignante hält d’Hand vun enger Patientin | © picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke
Eng Aide-soignante hält d’Hand vun enger Patientin (Foto: picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke)

Vun engem historesche Vott huet de Rapporteur vum Gesetz iwwer d’Stierfhëllef, den Olivier Falorni geschwat. Mat 305 Jo-Stëmme géint 199 Nee-Stëmmen huet d’Assemblée gréng Luucht fir d’Stierfhëllef ginn.

D’Reform vun der Palliativmedezin gouf souguer mat Unanimitéit votéiert.

Lénk a Mëtt fir d’Stierfhëllef

D’Stierfhëllef soll just bei volljärege Patienten a Fro kommen, déi se selwer ufroe kënnen an un enger onheelbarer Krankheet leiden, déi sech an engem avancéierten oder finale Stadium befënnt.

Och sollen déi Betraffen déi déidlech Substanz selwer zou sech huelen. Obwuel et e puer Abstentiounen an Nee-Stëmme gouf, hunn déi lénk an zentristesch Parteie fir d’Stierfhëllef gestëmmt.

De President Macron huet vun enger wichteger Etapp geschwat. Déi riets Parteie ware majoritär géint d’Stierfhëllef.

Stierfhëllef keen Ersatz fir Palliativmedezin

Och verschidden Associatioune si beonrouegt a kritiséieren den Text, esou zum Beispill eng Vereenegung vum Fleegepersonal an der Palliativmedezin.

An engem Communiqué heescht et, d’Missioun an d’Aarbecht vum Fleegepersonal hei géif elo komplett changéieren. Et géif eng nei Norm agefouert ginn, keng Ausnam.

D’Gesondheetsministesch Catherine Vautrin huet owes op France 5 ënnerstrach, datt déi betraffe Patienten awer ëmmer déi bleiwen, déi hei entscheeden. 

Och wier d’Stierfhëllef keen Ersatz fir d’Palliativmedezin, wéi et Kritiker behaapten. Elo muss d’Gesetz wuel am Hierscht och nach duerch de Senat, éier et dann Ufank 2026 finaliséiert soll ginn.

play_arrow Lauschteren