Déi 2 éischt Deeg wier den Interessi scho grouss gewiescht, erkläert d'Véronique Wagner, Directrice des soins ënner anerem vun der Onkologie bei den HRS. Et wier zwar elo keen, deen extra dofir géif an d’Spidol kommen, mee d’Leit géife sech awer no hire Rendez-vousen Zäit huelen an hätte ganz vill Froen zur Preventioun.
“Wéini kommen ech an dee Programm vum Dépistage national vum Ministère? Wéini kréien ech eng Invitatioun geschéckt? Do hate mir och de Ministère op der Plaz, deen déi Froe konnt beäntweren.”
Ästheetik - e wichtege Faktor fir betraffe Persounen
Den Interessi géif een an allen Alterskategorië gesinn, esou nach d'Véronique Wagner.
Um Mëttwoch, dem drëtten Dag vun der Aktiounswoch, gëtt en ästheeteschen Atelier an der Zitha-Klinik proposéiert. Speziell an der Zitha-Klinik, well et do zwou op déi onkologesch Prise en charge spezialiséiert Estheticiennë gëtt. Um Stand dobäi sinn och nach Europa Donna, Think Pink an zwou Tätowéierinnen.
“Déi kënnen d’Nippelen no enger Operatioun no-tätowéieren.”
Weider ginn et Psychologinnen a Psychologen, Onkopsychologen a -psychologinnen a Berodunge ronderëm d'Sujete Foulard, Parécken a Maquillage.
Den Tabu briechen
Wie Froen zum Theema Broschtkriibs huet, kritt natierlech net nëmmen am rosa Oktober Äntwerten dorop. Éischten Uspriechpartner dat ganzt Joer iwwer ass d'Fondation Cancer.
“Et ass ëmmer manner en Tabutheema fir iwwer Broschtkriibs ze schwätzen. Ech denken dat ass eng wichteg Reussite, datt ee mëttlerweil iwwer Broschtkriibs ka schwätzen ouni sech mussen ze schummen.”
Den Tabu ze brieche géif och dobäi hëllefen d'Symptomer éischter ze erkennen an domat géif d’Preventioun gestäerkt ginn.