arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL an LCGB schockéiert iwwer Bréif vun der AMMD 

CCT-FHL

|
headphones

1 min

OGBL an LCGB schockéiert iwwer Bréif vun der AMMD 

D’Gewerkschaften OGBL an LCGB weisen sech an engem gemeinsame Communiqué schockéiert iwwer d’Reaktioun vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) zum Tëschenaccord a Saachen Erneiere vum Kollektivvertrag fir d’Spidolspersonal. 

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D’lescht Woch hat d’AMMD an engem Schreiwes d’Lounerhéijung an d'Primmen fir d'Spidolspersonal an deem neien FHL-Kollektivvertrag kritiséiert. Dat géif den Defizit vun der CNS weider an d’Luucht setzen. 

Iwwerdeems huet d’AMMD dem Verwaltungsrot vun der CNS en Interessenskonflikt virgeworf, well Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL an LCGB am CA géife sëtzen. 

D’Gewerkschaftsfront OGBL/LCGB reagéiert elo an engem Schreiwes dorop. Rieds ass vun enger frontaler Attack op d’Spidolspersonal. D’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun hätt d’Noutwendegkeet, fir dem Personal seng Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, a Fro gestallt.

Dat wier beschtefalls irresponsabel awer am schlëmmste Fall veruechtend, esou d’Gewerkschaftsfront.