Et wier een och zefridde mat der Polit-Presenz, et wier wichteg gewiescht, datt d'Volleksvertrieder weisen "wéi solidaresch dat se sinn", besonnesch an de Beräicher Sozialdialog a Pensiounen. Elo misst een ofwaarde wéi d'Regierung sech weider géif verhalen.
D’CGFP organiséiert éischter seelen eng Protestaktioun, déi lescht war an den 90er Joren. Dës Kéier wier et awer net anescht gaangen, sou de Romain Wolff.
De Premier Luc Frieden huet d’Gewerkschaften an d’Patronat fir den 9. Juli agelueden. D’Gewerkschaften OGBL an LCGB haten ugekënnegt fir just nach am Kader vun enger Tripartite mam Patronat an der Regierung ze diskutéieren. Ob si op d’Treffen den 9. Juli ginn oder net, géife si réischt no hirer Manifestatioun dëse Samschdeg soen, hat L’Essentiel en Dënschdeg gemellt. D’CGFP hirersäits geet allemol op de Rendez-Vous vum 9. Juli. Wann d'Regierung awer sou géif viru maache wéi bis elo "dann ass et awer och do déi leschte Kéier, datt mer do awer ugetruede sinn".
No där Sozialronn kéint een da scho kloer soen, ob d'Regierung wierlech verhandlungsbereet ass, oder ob "einfach nëmme gewëllt ass, fir dat ze maachen, wat se souwisou wëllt maachen".
Ee Streik steet stéing fir de Moment net an Aussicht, esou nach de Romain Wolff.