2020, kuerz nodeems den Etienne Schneider, als Wirtschafts- a Gesondheetsminister zréckgetruede war, hätt hie „Beta Aquarii“ gegrënnt, schreift Reporter.lu. Iwwer déi Firma hätt den LSAP-Politiker am Abrëll 2022 ee Beroder-Vertrag mat der Offshore-Firma Redrock Group Limited ënnerschriwwen, erkläert den Auteur vum Reporter-Artikel, Luc Caregari.
"An dat ass eng Firma, déi ass op de British Virgin Islands ugesidelt an déi gehéiert engem gewëssenen Alexander Abramow an engem Alexander Frolov, iwwer zwee Trusten op Zypern. An déi sinn d'Nummer zwee an d'Nummer dräi vun Evraz, dat ass e russescht Stol- a Biergbau-Kombinat, mat deem och de Roman Abramow räich ginn ass.”
D’Firma Evraz wier an der EU sanktionéiert, wéinst dem Liwwere vu Stol fir Waffen, Chemikalie fir Munitioun a russesche Schinnen. Den Alexander Abramov an den Alexander Frolov wieren a Groussbritannien sanktionéiert. Aus Angscht och an der EU sanktionéiert ze ginn, hätten déi zwee Oligarchen hir Trusten op hir Fraen ëmschreiwe gelooss, erkläert de Luc Caregari.
“Dat heescht, wann een Etienne Schneider seet : “Déi Häre waren ni meng Clienten”, huet en technesch Recht, mee dat war just kuerz virdrun, sinn déi Trusten op hir Familljen iwwergaangen. Dat heescht, et sinn nach ëmmer hir Suen, déi do dra sinn, also dat ass technesch richteg”
Moralesch awer héchst reprochabel, fënnt den Auteur vum Reporter-Artikel. Aussergewéinlech wier och, datt direkt wéi de Kontrakt mam Redrock-Grupp ënnerschriwwe ginn ass, 2,5 Milliounen Euro un dem Etienne Schneider seng Beroderfirma gaange sinn, esou de Luc Caregari vu Reporter.lu
“Déi 2,5 Milliounen, dat sollt u sech si fir seng Fraisen ze decken, also Fligerreesen, Mëttesiessen, Owesiessen, Assistenten, Sekretären, a sou weider.”
Um Enn vum 1-Jores-Kontrakt sollt nach emol eng sougenannt „success fee“ vun 2,5 Milliounen Euro u Beta Aquarii bezuelt ginn, ënnert der Konditioun, datt d’Ziler vu Redrock géingen erreecht ginn.
Den Etienne Schneider behaapt géintiwwer Reporter.lu dës Suen net kritt ze hunn. Weider betount den LSAP-Politiker an enger schrëftlecher Äntwert u Reporter.lu, seng Firma géing all d’EU-Reglementéierungen a Saachen Anti-Blanchiment a KYC anhale.
Eischt Reaktioun vun der LSAP
“Den Etienne Schneider huet keen aktive Rôle méi an der LSAP. D'LSAP huet näischt dermat ze dinn” esou déi schrëftlech Reaktioun vun der Co-Parteipresidentin, Francine Closener. Den LSAP-Co-Parteipresident, Dan Biancalana, weist sech an enger éischter Reaktioun iwwerrascht.
De Moment wier een awer emol an enger Vir-Etappe wou een dës Informatioune misst préiwen an duerchdiskutéieren.