arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reporter.lu: Virwërf vu Mëssbrauch géint ee fréieren Direkter vum Kannerduerf

Fondatioun Kannerduerf

|
headphones

2 min

Reporter.lu: Virwërf vu Mëssbrauch géint ee fréieren Direkter vum Kannerduerf

E fréieren Direkter vum Lëtzebuerger Kannerduerf gëtt wéinst sexueller Aggressioun beschëllegt. Dat mellt Reporter.lu um Méindegmoien. Déi aktuell Direktioun vum Kannerduerf zu Miersch huet de Parquet saiséiert. De fréieren Direkter ass zënter 2014 an der Pensioun ass.

headphones

2 min

Viru senger Pensioun huet hie bal 30 Joer laang, zanter 1985, d‘Fondatioun geleet huet. Hie kritt virgeworf, e jonkt Meedchen ugepaakt ze hunn. Der ASBL "Innocence en danger“ no, déi sech ëm den Dossier këmmert, géifen et och nach aner Fäll ginn. Dat geet aus Temoignage ervir, déi d'ASBL och weider un de Parquet ginn hätt.

Déi aktuell Directrice Valérie Oberlé, wëllt bei Reporter.lu keng Detailer ginn, si seet, datt si d‘Affär gemellt hätten, nodeems eng jonk Fra, déi fréier am Kannerduerf gewunnt huet, si kontaktéiert hätt fir Hëllef ze froen.

Wéi Reporter.lu schreift, geheit dës Affaire kee gutt Liicht op d‘Fondatioun Kannerduerf, virun allem och, well d‘Faiten eréischt 20 Joer duerno denoncéiert ginn.

Méi Fäll, op déi ni reagéiert gouf

De beschëllegte fréieren Direkter wier och nach no senger Pensioun, fräiwëlleg op Miersch an d‘Kannerduerf schaffe komm an d‘Kanner besiche komm. Dunn hätt hien op emol Hausverbuet kritt. Dat wier 2015 gewiescht. Déi fréier President vum Kannerduerf hätt dee Verbuet decidéiert, et wier awer ni eng Explikatioun oder iergendeng Suitte ginn. Déi Affaire, 2015, wier ënnert den Teppech gekiert ginn, schreift d‘Reporterin Véronique Poujol. Grad wéi och schonn anerer virdrun.

Well och virdru wieren et scho Signalementer vu Kanner ginn, déi sech zum Beispill un hir Mamm am Kannerduerf gewennt hätten oder u Pedagogen, mee kee wier drop agaangen an et wier och ni eppes gemellt gi beim Ministère, wéi Reporer.lu sech confirméiere gelooss huet.

D‘Meedchen, dat elo decidéiert huet, d‘Affär ze mellen, hat deemools e Selbstmordversuch gemaach a war duerno a psychologescher Behandlung. Hatt hätt deemools awer keng Plainte gemaach, aus Angscht viru Repressalien.