arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Schoulofbriecher wéi dat Joer virdrun

Schouljoer 2023/2024

|
headphones

1 min

Méi Schoulofbriecher wéi dat Joer virdrun

Am Laf vum leschte Schouljoer ass d‘Zuel vun de Jonken, déi d‘Schoul ofgebrach hunn, erëm geklommen. Nodeems deen Taux d‘Schouljoer virdrun, also 2022/23 ëm een hallwe Punkt zréckgaange war, ass en d‘lescht Schouljoer rëm an d‘Luucht gaangen, op elo 8,2%. Dat ass de selwechten Niveau, wéi wärend den zwee Pandemiejoren, 2020 bis 2022. Deemno hunn d‘lescht Schouljoer 1.884 Schüler mat der Schoul opgehalen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Taylan Gökalp
(Foto: picture alliance/dpa | Taylan Gökalp)

Déi Zuelen huet den Educatiounsministère um Donneschdeg matgedeelt. Lëtzebuerg läit domat ënner der Moyenne aus den Eurolänner, wou den Taux vum Decrochage scolaire bei 9,6% läit.

Déi meescht Jonker, déi d‘Schoul ofbriechen si Jongen, an déi meescht halen op 4e oder 3e op, also tëschent 15 a 17 Joer. Bal een Drëttel hunn dee Moment schonn e schoulesche Retard vun zwee Joer.