arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulkantinnen: Krittäre fir den Akaf vu Liewensmëttel sollen net changéieren

Verprieche vum Minister Meisch

|
headphones

1 min

Schoulkantinnen: Krittäre fir den Akaf vu Liewensmëttel sollen net changéieren

D‘Akafskrittäre fir Liewensmëttel fir d‘Schoulkantinne ginn net geännert: Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) dem Mouvement écologique dës Woch an enger Reunioun versprach.

headphones

1 min

Dëst Verspriechen huet d’Ëmweltorganisatioun an engem Communiqué matgedeelt.

Et wier domat eppes anescht, wéi dat, wat d‘Landwirtschaftsministesch Martine Hansen (CSV) wollt. Si hat gefuerdert, datt ee konventionell Produiten aus Lëtzebuerg par rapport zu Bioproduiten aus dem Ausland sollt virzéien. 

Mouveco: Bioproduite si keng Konkurrenz

Souwisou kommen aktuell nëmme wéineg Bioproduiten aus dem Ausland an de Kantinnen an den Asaz: 60 Prozent vun de Biowueren, déi an de Kantinne verschafft ginn, wieren hei aus dem Land, esou de Mouvement. Doriwwer eraus sinn aktuell 80 Prozent vun de Wueren aus dem konventionelle Landbau.

Et wier domat absolut falsch, d‘Bioproduiten als Konkurrenz ze gesinn, esou de Mouvement Ecologique.