Hie géif de Gewerkschaften hir Kritik héieren, datt d'Inklusioun vill Enseignantë géif iwwerlaaschten, esou den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) am 100,7-Interview. Hie betount awer, datt dat kee Grond sollt si fir d'Alphabetiséierung op Franséisch a Fro ze stellen.
“Dat ass eng ambitiéis Reform, dat heiten, dat ass wouer. Ech muss awer och soen, datt wann ech mat den Enseignantë vum Terrain schwätzen - an ech si vill an de Schoulen ënnerwee - da gëtt och ganz vill Hoffnung an déi Reform hei gesat. (...) Ech gesinn, ech héiere Kritik do. Mir schwätzen och mat de Gewerkschaften doriwwer, ech denken awer, datt mir net dat eent géint dat anert kënnen ausspillen: mir wäerten an der Inklusioun eis Responsabilitéit iwwerhuelen, mir mussen awer och endlech e grousse Schrëtt no vir maachen, wat d'Gerechtegkeet vun eisem Schoulsystem ubelaangt.”
Hie géif keng Schoulreform kënnen, déi esou laang preparéiert gi wier, wéi déi geplangten Alphabetiséierung och op Franséisch.
"Eng immens Erausfuerderung fir jiddereen"
D'Inklusioun wier "eng vun eise Prioritéiten", huet de Minister ënnerstrach. Et géif dorëm goen, jidderengem eng Plaz an der Schoul kënnen unzebidden. Et géif een awer mierken, datt d'Erausfuerderung am Laf vun de Joren net méi kleng gi wier.
“Mee mir sinn eis sécherlech bewosst, datt dat d'Inklusioun am ganz konkreete Fall eng immens Erausfuerderung ass fir jiddereen, fir dat betraffent Kand, seng Elteren och ganz, ganz oft mat enger Detresse och bei den Elteren dann da begleet gëtt an awer och fir d'Enseignanten och fir déi aner Kanner an der Klass.”
Handyverbuet: keng Changementer fir d'Rentrée
Wat den Handyverbuet an de Schoulen ugeet, gesäit den Educatiounsminister Claude Meisch kee Grond fir bis déi nächst Rentrée eppes dorun ze änneren. De Grondprinzip, datt ee wärend dem Unterrecht kee Smartphone däerf bei sech hunn, géif op alle Fall bestoe bleiwen, esou de Claude Meisch de Moien hei op der Antenn.
“Ech mengen, datt sech keng Adaptatiounen opdrängen, well mir hunn et wierklech esou gemaach, datt iwwerall Diskussioune stattfonnt hunn, iwwerall e Basismodell gëllt an dat ass: kee Smartphone a Presenz wärend dem Unterrecht. Dee muss ech wierklech ewechleeën an den Handy-Hotel, an oder Schaaf, wéi jo ëmmer, fir mech op den Unterrecht kënnen ze konzentréieren. An duerno kënnen dann natierlech och ëmmer erëm lokal och eng Kéier Ännerunge gemaach ginn, andeems d’Schoule vläicht mierken, an de Kantinnen hu mir eppes gereegelt, dat léisst sech net wierklech kontrolléieren, da maache mir dat erëm aneschters.”
Déi Diskussioune missten dann an de Schoulen tëschent der Direktioun, de Schüler:innen an den Eltere geféiert ginn, esou den Educatiounsminister Claude Meisch.