arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Associatioun La Voix des Survivant(e)s schléit Alarm

Kannerrechter a Gefor

|
headphones

1 min

D'Associatioun La Voix des Survivant(e)s schléit Alarm

D'Associatioun warnt, datt d'Kannerrechter zu Lëtzebuerg massiv a Gefor wieren. D‘Associatioun reagéiert an engem Communiqué op Aussoe vum Procureur d'État adjoint David Lentz vun dëser Woch am 100,7-Interview.

headphones

1 min

© Anke Thomass / Adobe Stock
(Foto: Anke Thomass / Adobe Stock)

Den David Lentz hat ënner anerem gesot, hie verstéing net, firwat ee forcéiert géif verlaangen, datt e Kand aus enger Famill geholl gëtt. Dat wier eng "Retraumatiséierung". Fir La Voix des Survivant(e)s ass dës Ausso schockéierend: Et géif hei d’Gefor bestoen, datt Täter sech sécher fillen, an Affer net méi gewot hunn, sech ze mellen.

Och Kritik um SCAS

D’Associatioun kritiséiert och schaarf d’Roll vum Service Central d’Assistance Sociale (SCAS) a seng Evaluatiounen an engem rezente Fall vu presuméierter Pédokriminalitéit. Et wier net nozevollzéien, datt op Basis vun engem SCAS-Rapport keng Untersuchungshaft ordonéiert gi wier.

La Voix des Survivant(e)s fuerdert konkret Mesuren: Méi Ressourcë fir Justiz, Police a Sozialdéngschter, eng besser Formatioun am Beräich Kanner- a Jugendschutz an d’Schafe vun enger eegener Cyberpolice-Eenheet.