arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Charel Schmit: Kee Grond, fir den Alter vum Jugendstrofrecht op 13 Joer erofzesetzen

Ombusmann fir Kanner a Jugend

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Charel Schmit: Kee Grond, fir den Alter vum Jugendstrofrecht op 13 Joer erofzesetzen

Et hätt kee Grond ginn, fir de Jugendstrofalter vu 14 op 13 Joer erofzesetzen. Dat seet den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, de Charel Schmit. Hie bezitt sech domat op d’Reform vum d’Jugendschutzgesetz, déi den Educatiounsminister Claude Meisch an d’Justizministesch Elisabeth Margue um Dënschdeg virgestallt hunn.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow
Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit | © Morgane Weidig
Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit (Foto: Morgane Weidig)

Grondsätzlech géif dem OKAJU Charel Schmit opfalen, datt déi aktuell CSV-DP-Regierung d’Pläng vun der viregter Regierung esou weiderféiere wéi se ugeduecht waren.

Leider wieren awer och sou munch Punkten am Text vun 250 Säite verwässert ginn. Hien hätt iwwerdeems d'Gefill, wat méi Amendemter um Text gemaach ginn, wat den Text manner un d'Kannerrechter ugepasst ass, esou de Charel Schmit. Elo géif de Ball bei der Chamber a beim Staatsrot leien.

Text ass méi repressiv, wéi Kannerrechtscomité recommandéiert

Ee vun de Punkten, déi am Text verwässert gi wieren, wier d’Recht op e Kanneraffekot. Dobäi géif den OKAJU scho laang fir e kloeren Acces zu engem Affekot plädéieren. 

Datt Kanner elo vun 13 un Joer ënnert d’Jugendstrofrecht falen, gesäit de Charel Schmit kritesch. An der Kannerrechtskonventioun géif et ee Prinzip ginn, dee beseet datt den Alter gesetzlech muss verankert sinn. De Kannerrechtscomité hätt iwwerdeems eng Recommandatioun vu 14 Joer ausgeschwat. 

"Dat ass net eng Moyenne vun all de Länner ronderëm. Dat ass een Alter, dee sech iwwerluecht ginn ass als wierklech Mindestalter, entwécklungspsychologesch an och opgrond vu kriminologesche Recommandatiounen gëtt et keng Evidenz a gëtt et keng Indice, firwat een dat op 13 Joer muss erofsetzen. Nëmme well Frankräich op 13 Joer huet. Däitschland huet et ab dem Zweete Weltkrich op 14 an huet ni dorunner geréckelt. D'Flamänner hunn et op 14 an op 16 stoen."

Et hätt kee Grond ginn, den Text méi repressiv ze maachen, wéi de Kannerrechtscomité et recommandéiert, esou nach de Charel Schmit. 

play_arrow Lauschteren