De Fait, datt d’UNISEC zu Dräibuer voll ass, kéint esou Placementer am Prisong net weiderhi justifizéieren, heescht et an engem Schreiwes.
“Cette nouvelle incarcération illustre de nouveau des défaillances systémiques.”
Dräi konkret Fuerderungen
Den Ombudsman-CELPL an den OKAJU widderhuelen hir Recommandatiounen: si fuerderen, datt de Placement vu Mineuren zu Schraasseg verbuede gëtt, datt geséchert therapeutesch a forensesch Unitéite geschafe ginn an d’Capacitéiten an der Jugendpsychiatrie nohalteg gestäerkt ginn.
Et wier un der Politik, fir ze handelen, esou d'Claudine Konsbrück an de Charel Schmit.