D’Sam Tanson, Justizministerin bis 2023, bedauert awer och, datt et net méiglech war, déi dräi Gesetzesprojete virun de leschte Walen duerch d’Chamber ze bréngen. Dës Projete wieren der fréierer Justizministerin immens wichteg gewiescht an et hätt een och intensiv un deenen 3 geschafft, fir se séier ze deposéieren a virunzedreiwen.
Schlussendlech wier d’Envergure awer einfach ze grouss gewiescht an et hätt een esou vill Avisen a Remarken erakritt, datt et net méi zäitlech opgaangen ass. Dozou hätten ënner anerem och Avise vum Staatsrot gehéiert.
Déi nei Justizministerin Elisabeth Margue an de Minister fir Kanner a Jugend Claude Meisch haten déi virlescht Woch Amendementer zu den 3 Projete presentéiert. D’Weiderféiere vun dëse Projete wier e positive Schratt, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson.
"Dee Jugendlechen, deen an engem Schutzbedürfnis ass, gëtt elo aneschters behandelt wéi een, deen eng Strofdot begaangen huet. An dat war jo dat, wat fir eis extreem wichteg war, datt mir do endlech eng kloer Trennung kréien, jee no Situatioun vum Jugendlechen. Well déi zwou Situatiounen absolut näischt mateneen ze dinn hunn."
Fréizäitegen Transfert an den Erwuesseneprisong
Manner gutt fënnt d’Sam Tanson, datt am Projet elo net méi virgesinn ass, datt a gewëssene Fäll d’Jugendstrofrecht och fir Leit am Alter vun 18 bis 21 Joer gëlle kann.
Si hätt dofir eng extra Prozedur virgesinn, déi a bestëmmte Fäll antriede géif, wou de Stroftäter e bësse méi al wéi 18 Joer wier. Esou eng Persoun wier nämlech net onbedéngt vill méi räif, wéi eng Persoun, déi kuerz virdru steet, volljäreg ze ginn, seet d’Sam Tanson. Déi Moossname wieren awer elo komplett ewechgefall.
Déi Leit tëschent 18 an 21 Joer sollen elo ëmmer wéi Erwuessener traitéiert ginn. Et wier déi selwecht Logik, no där ee mannerjärege Stroftäter, deen am Prisong fir Mannerjäreger sëtzt, soubal hien 18 Joer kritt an de Prisong fir Erwuessener transferéiert gi soll, kritiséiert d’Sam Tanson. Virdrun hätt een d‘Méiglechkeet gehat, Fall fir Fall ze kucken.
"Et ass awer schonn eng relativ brutal Transitioun, wou ech och net iwwerzeegt sinn, dass dat am Sënn vun deene Jonken ass, wa si dann do an dat awer vill méi heftegt Ëmfeld vun engem Erwuesseneprisong da kommen, soubal si 18 Joer kréien."
Strofmündeg vun 13 Joer un
Déi nei Regierung wéilt dobäi bleiwen, datt den Alter vun der Strofmündegkeet mam geplangten neie Gesetz op 13 Joer reduzéiert gi soll. Am ursprüngleche Projet sollten et 14 Joer ginn, seet déi fréier Justizministerin. Ee Kompromëss, deen een agaange wier, fir mat deenen dräi Projete weider kënnen ze fueren. Et wiere souguer deelweis vu verschiddenen Acteuren nach eng méi niddereg Altersgrenz gefrot ginn.
Déi fréier Justizministerin ass och der Meenung, datt wann déi nei Gesetzer a Kraaft trieden, et misst wëssenschaftlech ënnersicht ginn, ob deen Alter vun 13 Joer fir d’Strofmündegkeet ubruecht ass. Et wier wichteg fir op e gesamtgesellschaftleche Konsens ze kommen, fir déi Gesetzer anzeféieren an duerchzesetzen, seet d’Sam Tanson. Dat géif nämlech e grousse Fortschrëtt fir déi jonk Leit bedeiten.
Ënner anerem den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ass skeptesch, wat den Alter vun der Strofmündegkeet vun 13 Joer ugeet. Dat hat de Charel Schmit rezent am 100,7-Interview däitlech gemaach.