arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess géint Roberto Traversini geet ouni véierte Beschëllegte weider

Geriicht

|
headphones

1 min

Prozess géint Roberto Traversini geet ouni véierte Beschëllegte weider

Um éischte Prozessdag am Dossier géint de Roberto Traversini war et d’Nouvelle, datt d’Prozedur vum véierten Ugekloten ofgetrennt gëtt. De Mann, e Mataarbechter vum Service technique, kann aus gesondheetleche Grënn aktuell net viru Geriicht erschéngen, esou säin Affekot Christian Bock.

headphones

1 min

Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 (Foto: Eric Ewald)

Deemno kréie just nach de Roberto Traversini, seng Liewenspartnerin an de fréiere Chef vum Service technique de Prozess gemaach.Si mussen sech ënner anerem wéinst Verontreiung vun ëffentleche Suen a prise illégale d’intérêts veräntweren.

De fréiere grénge Schäffe Georges Liesch sot als Zeien aus, datt d’Gaardenhaischen, dat de Roberto Traversini geierft hat, vun enger Zone de jardin an eng Zone d’habitation ëmklasséiert gouf.

Zeie gesäit keng bewosst Interessensvermëschung beim Ex-Buergermeeschter

Den Ex-Buergermeeschter hätt am Schäfferot doriwwer matdiskutéiert, wéi déi aner Memberen och. Den Zeien huet awer net gemengt, datt de Roberto Traversini bewosst eppes gemaach hätt am eegenen Intressi.

Deen huet de Mëtten näischt viru Geriicht gesot, iwwerdeems déi zwee aner Beschëllegt d’Virwërf géint si bestridden hunn. Dëse Prozess geet um Dënschdegmëtteg virun.