arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng juristesch Konsequenzen fir de François Bausch

Explosioun um Waldhaff

|
headphones

1 min

Keng juristesch Konsequenzen fir de François Bausch

Et gi keng weider juristesch Konsequenze fir de fréiere gréngen Arméisminister François Bausch an de fréieren Arméischef Alain Duschéne an der Affär vun der Explosioun um Waldhaff. Dat huet d‘Chambre du Conseil gëschter um Dënschdeg decidéiert.

headphones

1 min

François Bausch | © European Union
François Bausch (Foto: European Union)

Bei der Explosioun waren de 14. Februar 2019 an engem Munitiounslager vun der Arméi zwee Ënneroffizéier ëm d‘Liewe komm, wéi si eng Granat aus dem Zweete Weltkrich manipuléiert hunn. Zwee weider Zaldote goufe blesséiert, een dovu liewensgeféierlech. 

An éischter Instanz waren de François Bausch an den Alain Duschène wéinst coups et blessures involontaires virun de Correctionnel verwise ginn. Deen huet elo festgestallt, datt déi zwee Beschëllegt net am Detail iwwer d‘Emstänn vun dësen Akten am Arméidépot Bescheed wossten. Deemno kéinten si och net responsabel gemaach ginn. D‘Decisioun aus éischter Instanz gouf dowéinst reforméiert.

De penale Volet vum Dossier Waldhaff ass domat ofgeschloss.