Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Psychiatrien: Fixatioune vu Patiente soll besser dokumentéiert ginn

Ombudsman

Psychiatrien: Fixatioune vu Patiente soll besser dokumentéiert ginn

D'Ombudsmann Claudia Monti fuerdert, datt künfteg gesetzlech misst gereegelt ginn, wéini a Psychiatrien dierfe Fixatiounen ugewant ginn. Zu där Evaluatioun wier een och komm, well een Expert zu Rot gezu gouf. Zudeem géifen deelweis an de Kannerpsychiatrië Praktiken ugewant ginn, déi aus der Zäit gefall wieren. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Adobe Stock play_arrow
(Foto: Adobe Stock)

D’Ombudsman Claudia Monti huet am Kader vun hirem Rapport vun de psychiatreschen Ariichtungen zu Lëtzebuerg erkläert, datt wann et ëm Fixatioun vu Patiente geet, Ännerungen néideg wieren. Zu där Evaluatioun wier een och komm, well een Expert zu Rot gezu gouf.

"Dat kann net sinn, dat muss gereegelt ginn" 

Nodeems den Expert sech mat der Situatioun an de Psychiatrie befaasst huet, ass een zu Entschloss komm, datt Fixatioune vu Patiente misste besser dokumentéiert, erkläert a gereegelt ginn, esou d'Claudia Monti.

“Dann hu mir festgestallt, datt all déi Mesure-de-contrainten, dat heescht alles, wat elo eng Fixatioun ass, sief dat medikamentéis oder sief dat mat technesche Moyenen, ass u sech net deementspriechend am Gesetz festgehalen. Dat heescht, et ass net genau erkläert, wéini datt een dat ka maachen, wéi d'Proportionalitéit dovunner ass. D'Geriichter hunn och u sech guer näischt domadder ze dinn. Do soe mir: Dat kann net sinn, dat muss gereegelt ginn.” 

Esou eng Fixatioun wier schliisslech e staarken Agrëff an d’Rechter vum Mënsch. Dowéinst misst eng Fixatioun och kloer dokumentéiert ginn. Et wier och dacks de Fall, datt Personal a psychiatreschen Ariichtunge géife mat den Tuteure vun de Patiente schwätzen, ouni déi mat an d‘Boot ze huelen. Dat kéint och net sinn, well all Patient e Recht dodrop hätt fir ze wëssen, wat mat him geschitt, esou nach d’Claudia Monti.

Methoden aus dem 19. Joerhonnert

Des Weidere misst eng Garantie bestoen, datt ee Patient - wann e wierklech muss fixéiert ginn - virun, wärend an no der Prozedur net eleng gelooss gëtt. Eng Fixatioun dierft dann och just wierklech de leschten Auswee sinn fir mat engem opgereegte Patient ëmzegoen.

Ee Wee wier zum Beispill een Isolatiounszëmmer. Dat ass awer net sou einfach, betount d'Claudia Monti.

“Dat heescht, wou eng Persoun einfach e bëssen erofkomme kann, net elo een Time Out, mee wierklech een Isolatiounszëmmer, fir datt een net déi Fixatioun muss maachen. Mee dat gëtt enger ganzer Rëtsch Klinicken net gemaach, wou se einfach keng Plaz hunn. Do musse mir eis definitiv méi Moyene ginn.”

Wärend der Evaluatioun wier der Ombudsman an och dem Expert opgefall, datt an de Kannerpsychiatrien nach al Praktike géifen ugewant ginn. Beispillsweis, datt Kanner deelweis an Dicher agewéckelt ginn, fir se ze fixéieren. Eng Method aus dem 19. Joerhonnert, déi net zäitgeméiss wier, an och kee pädagogeschen Notzen hätt. Do missten aner Léisunge fonnt ginn, esou nach d’Claudia Monti.

Lauschterenplay_arrow