Radioen

On air

Notturno  |  Jessica Pratt - Life Is

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ProActif: Subventioune si bannent 10 Joer vun 12,2 op 24,1 Milliounen Euro geklommen

Äntwert op eng parlamentaresch Fro

ProActif: Subventioune si bannent 10 Joer vun 12,2 op 24,1 Milliounen Euro geklommen

Tëschent 2012 an 2023 sinn d’Subventioune vum Staat fir ProActif vu ronn 12,2 op bal 24,1 Milliounen Euro d’Joer eropgaangen. Dat äntwert den Aarbechtsminister Georges Mischo op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Jeff Engelen.

auto_stories

1 min

Am Hierscht hätt de Ministère fir d’lescht Kontrollen op Dokumenter duerchgeféiert, esou wéi d’Gesetz iwwer de Budget, d’Comptabilitéit an d’Tresorerie vum Staat et virschreift. Dem Minister no hätt et fir e spezifeschen externen Audit kee Grond ginn. Donieft hätt den ofgesaten Direkter François Georges keng Entrevue vum Minister versprach kritt.

Vu Versich vum President Norbert Conter fir Mataarbechter vu ProActif roueg ze stellen, hätt hie gelies, äntwert de Georges Mischo dann nach op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Georges Engel. Et hätt awer kee vun de potenziellen Affer him perséinlech esou eppes gesot.