Radioen

On air

Kultur um 5  |  Hannah Grevis - Galaxies - Hannah Ida

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Poopst empfänkt méiglechen Nofollger

Vatikan

Poopst empfänkt méiglechen Nofollger

De Poopst François huet am Spidol seng Nummer zwee, de Kardinol Pietro Parolin, empfaangen. Béid Geeschtlecher hätten ënnert anerem iwwer geplangt Séilegspriechunge geschwat, heescht et vum Vatikan. 

auto_stories

1 min

Poopst Franziskus | © picture alliance / Stefano Spaziani | Stefano Spaziani
Poopst Franziskus (Foto: picture alliance / Stefano Spaziani | Stefano Spaziani)

Den Italiener Pietro Parolin ass Kardinol-Staatssekretär a gëtt och als dem Poopst säi Successeur gehandelt. Hie war schonn e Méindeg beim 88 Järegen op Besuch. De Poopst ass zanter annerhallwer Woch am Spidol zu Roum – sou laang wéi nach ni. Säin Zoustand wier trotz enger liichter Stabiliséierung weiderhi kritesch, esou de Vatikan. Bei eng duebel Longenentzündung ass virun e puer Deeg och eng liicht Nieren-Insuffizienz dobäikomm.