Radioen

On air

Resonanzen  |  Pjotr Iljitsch Tschaikowski (arr. Michail Pletnev) - Nussknacker Suite, Op. 71a, IV. Intermezzo - Giuseppe Albanese

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel leet d'Fräiloossung vu palästinensesche Prisonéier bis op Weideres op Äis

Hamas reagéiert mat hefteger Kritik

Israel leet d'Fräiloossung vu palästinensesche Prisonéier bis op Weideres op Äis

Israel huet d'Fräiloossung vu palästinensesche Prisonéier, déi am Waffestëllstandsaccord virgesinn ass, op onbestëmmten Zäit verréckelt. Dëst huet d'Büro vum Premierminister Benjamin Netanjahu an der Nuecht matgedeelt.

auto_stories

1 min

Israelie feieren d'Fräiloossung vu Geiselen. | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Israelie feieren d'Fräiloossung vu Geiselen. (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Déi israeelesch Regierung verlaangt, datt déi islamistesch Hamas mat den Zeremonië beim Fräiloosse vun israeelesche Geiselen ophält, ier weider Schrëtt geholl ginn.

An israeelesche Medien heescht et, datt dës Entscheedung d'Waffestëllstandsofkommes a Fro stelle kéint.

D’Hamas huet de Retard vun der Liberatioun vu ronn 600 palästinensesche Prisonéier schaarf kritiséiert. D‘Hamas huet Israel domat gedreet, keng Vermëttler am Konflikt méi ze fannen, wa géint d'Ofkommes verstouss gëtt.

Fir déi zweet Phas vum Waffestëllstand gouf et bis elo nach keng seriö Verhandlungen.