Radioen

On air

Simon Says  |  Deltron 3030 - Mastermind

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hamas léisst weider Geisele fräi

Noen Osten

Hamas léisst weider Geisele fräi

D‘Hamas huet déi zwou éischt Geisele fir haut fräigelooss. Op der Televisioun gouf live iwwerdroen, wéi zwee Männer un d‘Rout Kräiz iwwergi goufen. Véier weiderer sollen haut nach nokommen.

auto_stories

1 min

Mënsche kucken d'Fräiloossung vun Hamas-Geiselen op enger Videoleinwand den 15. Februar | © picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
Mënsche kucken d'Fräiloossung vun Hamas-Geiselen op enger Videoleinwand den 15. Februar (Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Et soll sech am ganzen ëm 6 Männer handelen am Alter tëschent 22 a 40 Joer. Dat si wuel déi lescht nach lieweg Geiselen, déi an der éischter Phas vum Waffestëllstand fräigelooss ginn. Am Géigenzuch soll Israel dem Accord no ronn 600 palästinensesch Prisonéier virzäiteg entloossen.

Ausserdeem sollen d‘Hamas d‘Läich vun der Schiri Bibas un d‘Rout Kräiz iwwerreecht hunn. D‘Famill huet dat confirméiert. U sech hätt dat scho solle virgëschter geschéien, mee do goufen déi stierflech Iwwerreschter vun enger anerer Persoun iwwerginn. D’Hamas hat behaapt, d’Läich no engem israeelesche Loftugrëff verwiesselt ze hunn.