Déi ronn zwou Millioune Palästinenser, déi bis elo do gelieft hunn, sollen op aner arabesch Nopeschstaate verdeelt ginn. Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu, deen am Moment op Visitt zu Washington ass, huet dës Pläng begréisst. Den Netanjahu huet gemengt, den Donald Trump wier dee beschte Frënd vun Israel. D'Aussoe sinn am Noen Osten direkt op Kritik gestouss.
10.000 mexikanesch Zaldoten op der Grenz
Mexiko huet gëschter um Dënschdeg iwwerdeems dermadder ugefaangen, eng 10.000 Zaldoten op der Grenz mat den USA ze stationéieren. Déi mexikanesch Presidentin Claudia Sheinbaum hat déi Aktioun versprach, nodeems den amerikanesche President Donald Trump eng 25-prozenteg Importtax falegelooss huet. D'Zaldote sollen déi illegal Migratioun an d'USA an den Handel mat der Drog Fentanyl stoppen.
Ersatz fir de Matt Gaetz gouf fonnt
Déi nei amerikanesch Regierung gëtt dann no an no komplett. Gëschter um Dënschdeg hunn d'Republikaner déi fréier Staatsanwältin vum Bundesstaat Florida Pam Bondi als Justizministesch confirméiert. De Poste war fir d'éischt fir de Matt Gaetz virgesinn. Deen huet seng Kandidatur awer wéinst Sex- an Drogenaffären opginn. D'Pam Bondi gëllt als extreem loyal Mataarbechterin vum Donald Trump.