Déi islamistesch Terrororganisatioun Hamas huet haut um Donneschdeg wéi geplangt 8 Geisele fräigelooss. Dorënner eng israeelesch Zaldotin. Déi aner 7 - zwee israeelesch Zivilisten a fënnef thailännesch Aarbechter - hate Probleemer fir duerch d‘Mënschen ze goen. Et hate sech nämlech massiv Mënschen zu Chani Yunis, wou d‘Iwwergab war, versammelt an hunn d‘Geiselen encercléiert.
Déi palästinensesch Prisonéier géife réischt fräikommen, wa garantéiert ass, datt déi israeelesch Geisele sécher an ouni Virfäll op israeeleschen Territoire kéinte kommen, huet de Büro vum Premier Benjamin Netanjahu matgedeelt. Um Donneschdegmëtteg huet d'Hamas Israel déi Garantie ginn.