Dee flagrantste Virsaz wier d‘Festhale vun de Geiselen, esou de Mahmoud Abbas zu Ramallah. Et wier d’palästinensescht Vollek, dat de Präis dofir géif bezuelen, net Israel.
Däitschland, Frankräich a Groussbritannien hunn Israel iwwerdeems dréngend dozou opgeruff, fir erëm humanitär Hëllef an d‘Gazasträif eranzeloossen. Israel blockéiert deen Zougang zanter iwwer annerhallwem Mount. D‘Palästinenser, dorënner eng Millioun Kanner, wieren akut vun Honger, Epidemien an Doud bedrot, esou déi dräi Länner.