No der Liberatioun virgëschter um Samschdeg vu véier israeeleschen Zaldotinnen hat Israel insistéiert, d‘Hamas misst fir d‘éischt all Ziviliste fräiloossen. Dowéinst hat Israel de Retour vu Palestinenser an de Norde vun der Gazasträif blockéiert. Vun haut u sollen déi Retouren nees erlaabt ginn, sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu.
Déi nächst dräi Geisele sollen e Freideg fräikommen, an dann nach eng Kéier dräi den Dag drop. Am Géigenzuch soll Israel och nees Honnerte palestinensesch Prisonéier fräiloossen.
Wafferou am Libanon
D‘Wafferou tëscht Israel an der libaneesescher Miliz Hisbollah gëtt iwwerdeems ëm gutt dräi Woche verlängert. Dat bis de 18. Februar. Dat huet d‘Wäisst Haus zu Washington matgedeelt.
Wärend där Zäit soll Israel seng Buedemtruppen definitiv aus Südlibanon zeréckzéien. Dat ass bis elo nach net geschitt, well Israel der Hisbollah-Miliz virgehäit huet, hiren Deel vum Accord net komplett ëmgesat ze hunn.