Doraus war awer näischt ginn. Israel huet mat de Loftattacken op d'Gazasträif virugefouert. Dat well d'Hamas ee Retard hat mat enger Lëscht vun den dräi Geiselen, déi haut solle fräigelooss ginn. Déi Lëscht wier kuerz virun 10:00 eiser Zäit iwwermëttelt ginn.
De Sonndegmëtteg sollen dräi Fraen no 16 Méint Gefaangenschaft d’Gazasträif kënne verloossen.
Wéinst deem Retard huet Israel um Sonndegmoie mat Loftattacke virugefouert. 8 Leit wieren ëm d‘Liewe komm. Dat deelt déi palästinensesch Gesondheetsautoritéit mat. 25 Persoune goufe blesséiert. Wéinst "technesche Problemer um Terrain" wier dee Retard mat der Lëscht entstanen. Déi hätt gëschter, Samschdeg, scho solle virleien.
Israeelesche Policeminister trëtt zeréck
De rietsextremen israeelesche Policeminister Itamar Ben Gvir huet iwwerdeems säi Récktrëtt annoncéiert. Dat aus Protest géint den Accord fir ee Waffestëllstand. Domat verléisst och seng Partei de Knesset, dat israeelescht Parlament.
D'Regierung behält, mat 62 vun 120 Sëtz, trotzdeem eng knapp Majoritéit.
"Krich mat neie Mëttelen", sollt Hamas sech net un Accord halen
U sech gesäit den Accord vir, dass d‘Waffepaus 42 Deeg soll daueren, an där Zäit soll d‘Hamas, 33 israeelesch Geisele fräiloossen. Op där anerer Säit géifen iwwer 1.900 palästinensesch Prisonéier aus israeelesche Prisonge fräikommen. Haut sollen et der 90 sinn.
Sollt d‘Hamas sech net un den Accord halen, wäert Israel mam Krich weider fueren, do ass den Netanjahu och kloer. Da géif Israel e Krich mat neie Mëttelen a grousser Muecht ufänken, esou seng Warnung, fir d‘Hamas definitiv ze zerstéieren.
Sollt d‘Wafferou awer halen, ginn no 16 Deeg Diskussioune gefouert iwwert eng zwee an drëtt Phas vun der Waffepaus. Déi sollten dann dozou féieren, datt de Krich definitiv op een Enn geet. Dat och mam Ofzuch vun der israeelescher Arméi aus der Gazasträif.