Radioen

On air

Tockcity  |  Zement - Station to Station

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffestëllstand an der Gazasträif: Accord gëtt ëmmer méi warscheinlech

Informatioune vu Reuters no

Waffestëllstand an der Gazasträif: Accord gëtt ëmmer méi warscheinlech

Bei de Verhandlunge fir e Waffestëllstand an der Gazasträif stéing ee kuerz virun engem Accord. Dat sot den US-President Joe Biden zu Washington. Een Accord géif zu engem Enn vun de Kämpf an der Fräiloossung vun de Geisele vun der Hamas féieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene

Der Noriichtenagence Reuters no soll de Moien zu Doha am Katar nach een Treffe sinn, fir déi lescht Detailer ze klären. Een héichrangege Vertrieder vun der radikal-islamescher Hamas soll Reuters gesot hunn, et hätt Fortschrëtter bei den Haaptpunkte ginn.

Laut Reuters, déi sech op d'Informatioune vun israeelesche Regierungsvertrieder baséiert, gesäit den Accord fir, datt an enger éischter Etapp sollen 33 Geiselen déi an der Gewalt vun der Hamas sinn, befreit ginn. 

Zanter Méint probéieren d'USA, de Katar an Ägypten een Accord tëscht der Hamas an der israeelescher Regierung auszehandelen. Eng offiziell Bestätegung vun de Fortschrëtter gëtt et bis ewell nach net. Laut Reuters äussere sech souwuel d'Vertrieder vun der Hamas wéi och d'Vertrieder vun der israeelescher Regierung positiv zu de Verhandlungen, déi momentan lafen.