Radioen

On air

Notturno  |  Pearla - Strong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chrëschtdag zu Betlehem am Schied vum Krich an der Gazasträif

Noen Osten

Chrëschtdag zu Betlehem am Schied vum Krich an der Gazasträif

Dat zweet Joer hannerenee gëtt Chrëschtdag zu Betlehem wéinst dem Krich an der Gazasträif ouni gréisser Festivitéite gefeiert. Et wier ee Protest géint d’Ongerechtegkeeten déi an der Gazasträif géint d’Palästinenser:inne geschéie géifen, seet de Buergermeeschter vu Betlehem, Anton Salman. 

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Faiz Abu Rmeleh
Déi sougenannt Gebuertskierch zu Betlehem (Foto: picture alliance/dpa | Faiz Abu Rmeleh)

Geschriwwe vum Ilana Joseph

Zënter 1927 ass et fir Gleeweger Traditioun d’Gebuertsplaz vu Jesus Christus op Chrëschtdag ze besichen. Dëst Joer ass et schonn déi zweete Kéier hannereneen, datt dëst duerch de Krich an der Gazasträif ënnerbrach gëtt. 14 Méint nom Ugrëff vun der Hamas op Israel an dem Ausbroch vum Krich an der Gazasträif steet och dëst Joer kee grousse Chrëschtbeemchen op der Krippeplaz zu Betlehem am Westjordanland, also déi Plaz wou Jesus gebuer ass. Et gi wéineg bis guer keng Dekoratiounen a Musek an der Stad.

Eng grouss Metallen Dier trenne Jerusalem an d'Westjordanland

D’Chrëschtdagsprozessioun vu Jerusalem op Betlehem ass zwar um Dënschdegmoie wéi ëmmer lass gaangen - d’Pilger a Pilgerinne mussen awer duerch eng grouss metallen Dier an enger 9 Meter héijer Mouer déi Jerusalem an d‘Westjordanland trennt. D’Festivitéiten zu Betlehem goufen op Massen a Gebieter fir déi kommend Deeg reduzéiert.

An dat huet een Impakt op den Tourismus. Virun der Covid-19 Pandemie hat Betlehem 2 Milliounen Touriste pro Joer an déi hu 70 Prozent vum Akommes ausgemaach. Ma 2024 sinn nëmmen nach 100.000 Touristen déi helleg Stat besiche gaangen, sou de palestinenseschen Tourismusministère. Auslännesch Touriste kommen der mëttlerweil wéinst dem Krich ganz wéineg. D’Chrëschtlech Palästinenser:inne kommen deelweis wéinst der israeelescher Besetzung net mol bis a Betlehem oder gi bei den israeelesche Checkpointe laang opgehalen.

D'Aarbechtslosegkeet klëmmt

Vill Awunner:inne verloossen d’Stad, well et keng Opportunitéite fir d’Zukunft ginn. Eleng d‘lescht Joer hu 500 Famillje Betlehem offiziell mat engem Visa verlooss. Vill anerer hunn d’Stat illegal an ouni Visa hannert sech gelooss. Dat mellt de Buergermeeschter vu Betlehem Antony Salman.

D’Aarbechtslosegkeet géif aktuell bei 50 Prozent leien, mellt de Buergermeeschter vu Betlehem. Een Hotelsbesëtzer huet der Noriichtenagence Associated Presse, AP, erzielt, datt e vun 150 Mataarbechter:innen op 5 misst erofklammen. Dat, well bal keng Zëmmere méi gebucht ginn.

Betlehem géif sech eng Wafferou wënschen. Offiziell heescht et, datt Gespréicher zu enger Wafferou tëschent Israel an der Hamas amgaange sinn. E richtegt Enn vum Krich ass awer bis ewell net en vue.

Lauschterenplay_arrow