Den Donneschdeg war et net dozou komm, well Israel der Hamas virgehäit huet, den Accord net méi ze respektéieren a nach Concessioune wëllen erauszeschloen. Elo wiere béid Säite sech awer nees eens, sou de Büro vum Benjamin Netanjahu.
De Waffestëllstand soll deemno, wéi geplangt, iwwermuer a Kraaft trieden. Déi éischt Phas soll 6 Woche laang daueren. An där Zäit sollen 33 Geiselen an honnerte palestinensesch Prisonéier fräi gelooss ginn. Déi israeelesch Arméi soll sech aus den dicht bewunnten Deeler vun der Gazasträif zréckzéien.