Radioen

On air

Tockcity  |  Fontaines D.C. - Bug

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffestëllstand an der Gazasträif: Wat erwaarde sech Hëllefsorganisatiounen?

Noen Osten

Waffestëllstand an der Gazasträif: Wat erwaarde sech Hëllefsorganisatiounen?

D‘Israeelesch Regierung soll den Accord fir ee Waffestëllstand awer nach guttheeschen. An deem Fall kéint deen e Sonndegmoien eiser Zäit schonn a Kraaft trieden. Et ass een éischte positive Schrëtt, seet de President vum CPJPO. Villes bléif awer nach ofzewaarden.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

play_arrow
Symbolfoto: picture alliance / dpa

Ënner anerem, ob de Waffestëllstand vun e Sonndeg un iwwerhaapt klappt, gëtt de Jules Barthel, President vum Comité pour une paix juste au Proche Orient (CPJPO) ze bedenken. Et géif ee sech zwar driwwer freeën, datt ee Waffestëllstand an Aussiicht steet, et wier awer och nach ee laange Wee bis e Sonndeg. Och do duerno, géif et net einfach ginn.

"Wa mer dat elo richteg verstanen hunn, hu mer et jo hei mat engem provisoresche Waffestëllstand ze dinn, dee mol op sechs Woche limitéiert ass."

Net vergiesse wat geschitt ass

De CPJPO wënscht sech deemno een definitive Waffestëllstand. Israel misst d‘Gazasträif an och d‘Kolonien am Westjordanland komplett verloossen. Mëttelfristeg misst eng Zweestaateléisung fonnt ginn. Soss kéint ëmmer nees ee Konflikt ausbriechen.

Déi international Communautéit ass elo gefuerdert, Drock op all d'Säiten, d‘Palästinensesch Autoritéit an d‘Hamas, an och op Israel ze maachen. Et dierft och net vergiess ginn, wat déi lescht 15 Méint geschitt ass, betount de Jules Barthel: De Massaker de 7. Oktober 2023 an d‘Zerstéierung an d‘Krichsverbriechen an der Gazasträif. Op den Hamas Militärchef Deif, den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an de fréiere Verdeedegungsminister Joav Gallant besteet och een internationalen Haftbefeel, erënnert de Jules Barthel. Déi missten och elo bestoe bleiwen.

D'Kanner hunn am meeschte gelidden

Wéi sou dacks an engem Konflikt, sinn et d‘Kanner, déi am meeschte gelidden hunn, betount iwwerdeems de Paul Heber vun Unicef Lëtzebuerg. Och wann dat béid Säite betrëfft, sinn d'Konsequenzen net déi selwecht. Op palästinensescher Säit wiere 14.500 Kanner ëm d‘Liewe koum – eng Zuel, déi d‘Unicef zwar iwwerhëlt, mee net ganz confirméiert ka ginn.

D‘Unicef war permanent op der Plaz present. Si hunn d‘Nout gesinn, konnten awer net ëmmer hëllefen. Virum Krich sinn eng 500 Camione mat Hëllefsgidder an d‘Gazasträif gefuer. D‘leschten November waren et der nach just 65. Deemno wier elo ee sécheren Zougang an d‘Gazasträif wichteg, fir richteg kënnen ze hëllefen, betount de Paul Heber.

Interviewe mam Jules Barthel a Paul Heber 

Lauschterenplay_arrow