Humanitär Hëllef soll ouni Restriktiounen an d'Gazasträif bruecht ginn. Déi israeelesch Arméi soll sech an der éischter Phas aus de bewunnten Deeler zréck zéien, mee an enger Pufferzon bleiwen. D‘Palästinenser:inne sollen zeréck an hir Quartiere kënne goen.
Déi israeelesch Regierung muss dem Accord nach zoustëmmen ier en e Sonndeg a Kraaft kann trieden. Duerno soll iwwert déi nächst zwou Phase verhandelt ginn – dat definitiivt Enn vum Krich an den Erëmopbau vun der Gazasträif.
Den Accord gouf vu Katar, Ägypten an den USA vermëttelt. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel weist sech am 100,7-Interview an enger éischter Reaktioun erliichtert. Et wier elo wichteg, datt den Accord respektéiert gëtt an datt déi humanitär Hëllef bruecht gëtt, esou den Ausseminister.
An der Gazasträif hu vill Leit gefeiert. An Israel hunn d‘Famillje vun de Geiselen sech erliichtert gewisen. D‘Hamas hält nach 94 Geisele gefaangen. Israel mengt, datt der nëmmen nach 60 um Liewe sinn.