An de leschten Deeg huet déi israeelesch Arméi awer nach emol massiv intervenéiert. Bei Loftattacke sinn zënter e Mëttwoch weider 100 Leit an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm.
Mat der Wafferou soll de Grenziwwergang zu Rafah tëschent Ägypten an der Gazasträif nees opgemaach ginn. D‘Virbereedungen dofir géifen op Héichtoure lafen.
D‘Leit an der Gazasträif hoffen op Liwwerunge vun Hëllefsgidder, déi dréngend néideg sinn.