Dem israeelesch Premier Benjamin Netanjahu no géif déi israeelesch Arméi am Westjordanland den Terrorismus bekämpfen.
D‘Situatioun am Westjordanland ass zënter Wochen ugespaant. Militant palästinensesch Gruppen hu verstäerkt Aktioune géint Israeelien a géint déi palestinensesch Autoritéite lancéiert. Ëmmer nees kënnt et och zu Attacke vu radikalen israeelesche Siidler op palestinensesch Zivilisten.