Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japan wëllt Blesséierter aus dem Gaza-Krich ophuelen

Annonce vum japanesche Premier

Japan wëllt Blesséierter aus dem Gaza-Krich ophuelen

Japan wëllt Kranker a Blesséierter aus der Gazasträif ophuelen a behandelen. Dat huet de japanesche Premier erkläert. Japan hat 2017 schonn eng kleng Zuel vu syresche Flüchtlingen opgeholl.

auto_stories

1 min

De japanesche Premier Shigeru Ishiba. | © picture alliance / Photoshot
De japanesche Premier Shigeru Ishiba. (Foto: picture alliance / Photoshot )

D'Offer soll sech virun allem och u Studente riichten, déi a Japan kéinte weider studéieren. Japan war bis elo ëmmer extreem zeréckhalend, wann et ëm Asyldemandë goung. 2023 goufen der grad emol 1.300 accordéiert.