Firwat d‘Boeing 777 den 8. Mäerz 2014 vun de Radare verschwonn ass, ass bis haut ongeléist. Et goufe bis elo just e puer Wrackdeeler u verschiddene Küsten ugeschwemmt. Vum Haaptdeel mat den 239 Mënschen dra feelt bis elo all Spuer, och d‘Black Box goufen ni fonnt.
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Nei Sichaktioun no verschwonnene Fliger vu virun 11 Joer lancéiert
Am indeschen Ozean
Nei Sichaktioun no verschwonnene Fliger vu virun 11 Joer lancéiert
11 Joer nodeems de Fliger vum Vol MH370 vu Malaysia Airlines um Wee vu Kuala Lumpur op Peking verschwonnen ass, gëtt lo rëm eng nei Sichaktioun lancéiert. Elo soll eng Spezialfirma mat onbemannten Tauchbooter nom Wrack am indeschen Ozean sichen. Dat an engem Gebitt vu ronn 15.000 Quadratkilometer, eng 1.500 Kilometer virun der Küst vu Westaustralien.
auto_stories
1 min

Op dëser Kaart kann ee gesinn, wou Wrackdeeler vum Vol VolMH370 bis elo fonnt goufen. (Foto: picture-alliance/ dpa-infografik | dpa-infografik)