Eng grouss Fro ass jo déi, ob si, also déi zoustänneg Ministesch, iwwerhaapt ageweit war an dat, wat de Luc Frieden a senger Ried zur Lag vun der Natioun gesot huet. Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel huet am 100,7-Interview behaapt, hie géif mengen, si hätt näischt gewousst.
Um Mëttwoch huet si net duerchblécke gelooss ob dat elo sou stëmmt oder net. Sécher ass awer, datt d‘Majoritéitsfraktiounen, also d‘Deputéiert vun der CSV an DP, net am Virfeld informéiert goufen, iwwer d‘Pensiounspläng déi de Premier virgedroen hat.
Wier et anescht gewiescht, dann hätt een déi eegen Ekippen, jo wuel kaum missen an aller Herrgottsfréi schonn um 07:30 Auer, nach virun der Sécurité-Socialeskommissioun, an enger interfraktioneller Sëtzung misse berouegen.
D'Regierung kéint et sech vill méi einfach maachen
Immens duerchduecht schéngen d‘Pisten nach net. Op d‘mannst ass d‘Kritik vun der Chamber, datt se guer net mat Berechnunge beluecht wieren. Dat ass méi wéi just en handwierkleche Feeler. Et ass op jidde Fall net professionell.
Et versteet een et ëmsou manner, well d'Regierung sech et an der eegener Argumentatioun selwer vill méi liicht géif maachen, wa se soe kéint, wa mer op 41 Cotisatiounsjoer eropginn, da si mer x Jore roueg. Bei 42 Joer sinn et der esou vill méi, a bei 45 Joer kënne mer souguer bis dann an dann de Kapp a Rou leeën. Mee déi Berechnunge schéngen et wierklech net ze ginn.
"All d'Optioune sinn op"
Et gëtt nach en anert Beispill an deem selwechte Regëster. D'Regierung wëll jo mat alle Mëttele verhënneren, datt d'Cotisatioune mussen eropgesat ginn. Dofir ass si souguer bereet, aus dem Budget Suen an d'Pensiounskeess ze iwwerweisen.
Mee et ass absolut onkloer, a wéi engem Fall dat soll geschéien. Vu wéi engem Moment un? Ginn d'Reserven op engem gewëssen Niveau agefruer an de Staat intervenéiert, wann deen Niveau ënnerschratt gëtt? Gëtt all Joer den eventuellen Defizit, also d'Differenz tëscht Joresrecetten a Joresdepensen, mat Suen aus dem Budget gedeckt? Do ass näischt decidéiert, dat wier nach net kloer, seet d'Martine Deprez. Do wieren all Optiounen op.
Eng Verhandlungsstrategie?
Dat ass de generellen Tenor vun den Deklaratiounen, alles ass Matière à négocier. Mee wann an de Beispiller elo vu 45 Cotisatiounsjore geschwat gëtt, déi mëttelfristeg sollen erreecht ginn, dann ass dat awer keen Zoufall, mee warscheinlech Verhandlungsstrategie. Wann ee mat der Propos vu 45 Joer an eng Negociatioun erageet an d'Géigesäit besteet op véierzeg Joer, da begéint ee sech vläicht herno bei 42,5. An do lant ee sécher net, wann ee bei nëmmen 42 Versécherungsjoren usetzt.
An déi Negociatioune solle jo geschwë kommen, mat de Sozialpartner. Dat huet d'Martine Deprez e puermol ënnerstrach. Dat confirméiert och dat wat Tageblatt geschriwwen hat, datt de Premier, a mat him d'Sozialministesch, e Méindeg am CSV-Nationalkommitee den onmëssverständlechen Optrag krut, de Sozialdialog nees ze beliewen, fir virun allem d'Gewerkschaftsfront ze berouegen, well warscheinlech mécht déi annoncéiert Manifestatioun vum 28. Juni der Regierung awer méi Suergen, wéi de Luc Frieden et sot.