arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paulette Lenert wuel interesséiert bei de Staatsrot ze wiesselen

National

|
reading time

1 min

Paulette Lenert wuel interesséiert bei de Staatsrot ze wiesselen

Op den LSAP Bänken an der Chamber kéint et zu engem Wiessel kommen. Wéi RTL mellt, wier d'Paulette Lenert interesséiert, an de Staatsrot ze wiesselen. Do ass rezent ee Poste fräiginn.

reading time

1 min

D‘Paulette Lenert huet RTL confirméiert, datt si Interessen huet. Si wëllt awer och nach ofwaarden, wei ee Profil, fir dee Poste gewënscht ass. Dat soll um Freideg bekannt ginn. Wann d‘Paulette Lenert da vun hirer Partei, an duerno vun der Chamber nominéiert géif ginn, da géif hir Platz an der Chamber fräi ginn. Nächstgewielten op der LSAP Lescht am Osten ass de Ben Streff, dee Mëtt Januar als LSAP Parteimanager demissionéiert hat.