arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique leet Asproch a géint geplangte Google Datenzenter zu Biissen

National

|
reading time

3 min

Mouvement écologique leet Asproch a géint geplangte Google Datenzenter zu Biissen

Am Kader vun der ëffentlecher Prozedur vun der Ëmweltimpakt-Etüd vum Projet, op déi een nach bis haut reagéiere kann, huet de Mouvement écologique Asproch géint dee geplangte Google Datenzenter zu Biissen gemaach.

reading time

3 min

Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique

Déi ëffentlech Enquête iwwert d‘Ëmweltimpakt-Etüd vum geplangte Google Datenzenter zu Biissen leeft haut um Freideg aus. De Mouvement huet Ecologique huet d‘Etude am Detail, a mat Hëllef vun europäeschen Experten, analyséiert, an e Recours vu gutt 30 Säite, mat engem Avis juridique, géint de Projet deposéiert. 

"Well mir wierklech fannen, dass den Dossier ganz grav Mängel huet, déi och net konforme sinn zu der Gesetzgebung."

Ekonomescher Plus-Value an dësen Zäiten keen Argument méi

Problematesch wier zum Beispill den héije Stroumverbrauch. Well den Datenzenter net méi mat Waasser, mee mat Loft, gekillt soll ginn, géif en, der Ëmweltimpakt-Etüd no, 15 Prozent vum gesamte Stroum zu Lëtzebuerg verbrauchen. Vu wou dee Stroum hierkomme soll, an op et, wéi Google versprécht, wierklech 100 Prozent gréng Stroum soll sinn, doriwwer géif Google net vill verroden, esou d‘Blanche Weber. 

"Si weisen dat net no. Si leeën näischt op den Dësch, dass se et wierklech maachen." 

D‘Argument vun der ekonomescher Plus-Value, déi e Google Datenzenter dem Land brénge géif, wier an dësen Zäiten och ëmmer méi schwéier nozevollzéien.

Wa Lëtzebuerg sech bei der Digitaliséierung an am Cloud-Beräich gutt positionéiere wéilt, dann hätt ee mat der Post a mat LuxConnect zwou ganz performant national Entreprisen. 

"Dat heescht, mir brauche Google net méi. A wat nach derbäi kënnt, dat ass déi amerikanesch Konzerner wéi Google, déi maachen iwwer 75 % vun de Cloud Systemer an Europa aus. Bon, mir schwätze jo awer ëmmer dovun, eis Europa soll méi souverän ginn. 75 % gehéiert den Amerikaner. Wëlle mir wierklech deenen nach méi Terrainen zur Verfügung stellen, deenen als Lëtzebuerger Land hëllefen, fir dass si sech nach ausbauen?"

Etude wier a villen Hisiichten intransparent

De Mouvement Ecologique erwaart vun der Lëtzebuerg Regierung elo, datt si vu Google Detailer freet fir den Dossier komplettéieren, an eng nei Prozedur ze lancéieren, esou nach d‘Blanche Weber. 

"Falls dat net géif geschéien, hu mir gëschter nach eng Kéier am Verwaltungsrot decidéiert, dass mir eis effektiv iwwerleeën, ob mer e juristesch Schrëtt an d'Wee leeden. Mir waarden elo mol of, wat d'Reaktioun vun de Verantwortlechen ass, déi eigentlech, wa se Google op Basis vun deem do Dossier eng Geneemegung géife ginn, fir eis Lëtzebuerger Gesetzgebung net respektéieren."

Wéi d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique, am 100,7-Interview seet, wier d‘Etüd iwwer den Impakt vum geplangten Datazenter op d‘Ëmwelt a villen Hisiichten intransparent a géif de Bierger a Biergerinnen net genuch Informatioune liwweren. Dat ënner anerem iwwer den héijen Energieverbrauch.