arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kongress vum Mouvement écologique: Vill Kritik un der Landwirtschaftspolitik

Ëmweltorganisatioun

|
reading time

1 min

Kongress vum Mouvement écologique: Vill Kritik un der Landwirtschaftspolitik

D’Presidentin vum Mouvement écologique huet um Kongress vun der Ëmweltorganisatioun wéi gewinnt net mat Kritik un der Regierung gespuert. D’Blanche Weber huet virop d’Landwirtschaftspolitik viséiert. Hei géif aktuell net fir eng staark Liewensmëttelsécherheet gesuergt ginn.

reading time

1 min

Pressekonferenz vum Mouvement écologique | © Jimmy Bruch
Pressekonferenz vum Mouvement écologique (Foto: Jimmy Bruch)

Dat notamment wéinst engem ze labberen Ëmgang mat de Reegele ronderëm den Asaz vu Pestiziden. 

Fossill energie ëmmer nach ze present

Méi Luef gouf et fir d’Energiepolitik, allerdéngs mat Ofstrécher. Zwar wier vill geschitt a punkto erneierbar Energien, mee Fakt wier och, datt nach ëmmer ee groussen Undeel vum Energieverbrauch hei am Land géif ufale fir Privatstéit ze hëtzen, an dat dacks mat fossiller Energie.

Hei gesäit d’Blanche Weber dréngenden Handlungsbedarf, virun allem mat Bléck op déi aktuell Kris ronderëm d’Energiepräisser.

D’Asetze vu Wäermepompelen misst vereinfacht ginn, an et misst verstäerkt u Wäermenetzer bannent de Gemenge geschafft ginn.

D’Presidentin vum Mouvement écologique huet sech och nach fir eng méi héich Besteierung vu Superräichen ausgeschwat.