arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vullegripp: Gréisste Risiko kënnt vum Gefligel an de Bauerebetriber

Ëmwelt

|
headphones

1 min

Vullegripp: Gréisste Risiko kënnt vum Gefligel an de Bauerebetriber

22 Fäll vu Vullegripp goufe bis elo hei am Land detektéiert, dat huet d’Direktesch vun der Veterinärsinspektioun ALVA am 100,7-Interview matgedeelt. De Virus war haaptsächlech iwwert d’Hoergänsen an d’Land matbruecht ginn. Hir Migratioun an de Süden ass zanter Enn November eriwwer.

headphones

1 min

© EPA/ADAM VAUGHAN
(Foto: EPA/ADAM VAUGHAN)

Vun där Säit besteet also fir dës Saison kee Risiko méi, sou d’Caroline Merten. Elo misst gekuckt ginn, wat vun der charge virale an eisen heemesche Villercher iwwereg bliwwe wier.

"Mir mussen d'Waasservigel elo haaptsächlech hei am Land am Ae behalen, an dee Moment och, ob do kann nach ee Risiko fir aner Mamendéieren an eise Wëlldéiere sinn."

Den Haaptrisiko kéim virop vum Hausgefligel an de Bauerebetriber. Fir déi gëllen nach ëmmer déi selwecht Sécherheetsmesuren, betount d‘Caroline Merten. D‘Restriktioune kéinte réischt opgehuewe ginn, wann et zwou Woche laang kee positive Fall gouf.