Dat deelt den Ëmweltministère an engem Communiqué mat. Zu Lëtzebuerg kruten 19 Gefierer Protokoller, dovun 9 wéinst Verstéiss géint national oder grenziwwerschreidend Offallreegelen. Op franséischer Säit goufen zwee Chauffere sanktionéiert.
Transportéiert goufe virun allem Offäll vu Chantieren, dorënner Kabelen, Bëtong, Holz a Glas.
Den Ëmweltministère erënnert drun, datt all Transport vun Offall iwwert d‘Grenzen eraus am Viraus muss autoriséiert ginn.