Wéini genee den Hafen opgeet, géif d’Waasserverwaltung decidéieren, esou den Direkter vum Mäerterter Hafe Raphaël Zumsteeg.
Gëschter war den Hafe vu Mäertert zougemaach ginn, nodeem eng ueleghalteg Substanz an d’Musel gelaf war.
Nach ëmmer net bekannt ass, wéi eng Substanz et ass, a wéi se an d’Musel gelaf ass. Dono géif weider gesicht ginn, esou de Raphaël Zumsteeg.