arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nora Back: "Leit fir domm verkaaft" automatesch Upassung als Erhéijung unzeginn

National

|
reading time

3 min

Nora Back: "Leit fir domm verkaaft" automatesch Upassung als Erhéijung unzeginn

Déi automatesch Upassung vum Mindestloun an d’Indextranche als eng Erhéijung ze verkafe wier d'Leit “fir domm verkaf”, dat sot d'OGBL Presidentin Nora Back op Nofro hinn. Och déi Lénk hunn op d'Annonce vun der Regierung, datt de Mindestloun wäert ëm 3,8 Prozent erop goen reagéiert.

reading time

3 min

Patrick Dury an Nora Back | © 100,7
Patrick Dury an Nora Back (Foto: 100,7)

An enger éischter Reaktioun sot d’Nora Back vum OGBL, datt déi ugekënnegt Haussen eigentlech keng Erhéijung wieren an een "déiwe Mépris fir Zengdausende vu Leit” weise géifen, déi fir de Mindestloun schaffen. 

Gläichzäiteg géifen d’Betriber ënnerstëtzt ginn, wat en “no-go” wier. Vun där Kompensatioun hätt een als Gewerkschaften haut och déi éischt Kéier iwwerhaapt eréischt héieren, esou d’Nora Back.

“Dat hu mir ni gesot kritt, a kenger Reunioun vum Sozialdialog!.Mir hate souwisou nëmmen eng kuerz Réunioun vu 50 Minutten, wéi Dir wësst, mam Minister Spautz an der Ministesch Deprez. Do ass net dovu geschwat ginn."

Aktiounen ugekënnegt

Dës Annonce wier eng komplett Iwwerraschung, esou d'OGBL-Presidentin. Dës Regierung géif näischt um Mindestloun änneren a gläichzäiteg géif se awer den automateschen Ajustement géigekompenséieren, zu engem Drëttel, fir d'Betriber.

Dat géif bedeiten, datt d’Steierzueler drop bezuele géifen, amplaz eppes ze kréien, an de Combel wier, datt d’Regierung dat mol net genee chiffréiere kéint, esou d'Nora Back. 

"Also, dat do ass eis awer wierklech gewisen, datt si et net wëllen, an dat bedeit fir eis, datt mir et mussen eben anescht weisen.”

CSV an DP hätten de Sozialdialog futti getrëppelt an d’Politik géif d’Reaktioun vun de Gewerkschaften op der Strooss héieren. Den 1. Mee géifen entspriechend Aktiounen annoncéiert ginn, esou d’Nora Back.

Den LCGB-President Patrick Dury wollt am Nomëtte keng Reaktioun ginn, deelt awer d’Positioun vum Nora Back.

Déi Lénk: Kaddo fir d'Patronat 

Nieft dem OGBL hunn och déi Lénk an engem Communiqué reagéiert. D‘CSV-DP-Regierung hätt et fäerdeg bruecht d‘Mindestloundirektiv "ze pervertéieren", datt doraus e Kaddo fir d‘Patronat gëtt.

D‘Ministere Spautz an Delles hätten haut eng Pressekonferenz ausgeruff fir ze annoncéiere wat souwéisou geschitt wier. Déi Lénk bleiwe bei hirer Fuerderung de Mindestloun ëm 300 Euro ze erhéijen an datt dës Léin net vum Staat sollten Zitat spendéiert“ ginn, esou nach déi Lénk an engem Communiqué. 

Explikatioune vun der Regierung 

Duerch d'Indextranche, déi am éischte Semester 2026 dierft erfalen, an dem Ajustement wäert de Mindestloun vun 2027 un ëm 170 Euro pro Mount eropgoen. Dat hunn d’Ministere Marc Spautz a Lex Delles haut matgedeelt, nodeem d’CSV-DP-Koalitioun am Regierungsrot decidéiert hat, dem Gewerkschaftsdrock net nozeginn.

No den Erhéijunge soll de Mindestloun dem Marc Spautz no 60,2 Prozent vum Medianloun ausmaachen, also liicht iwwer deem, wat eng EU-Direktiv recommandéiert. 

Am Virfeld vum Ministerrot vun haut hat d‘Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB e Bréif un d‘Ministere geschéckt, zum Thema Mindestloun. Dëst Schreiwes läit eis vir.