Et hätt een zu der Regierung gesot, datt se oppasse sollt wat se mécht, esou den UEL-President Michel Reckinger am 100,7 Interview. Well déi eenzel Secteure wieren elo schonn ënner Drock, an et wéisst een net wéi vill de Secteur nach aushale géif.
"Ech mengen de Geste, datt se soe mir kompenséieren een Deel vun där Hausse, déi dann do kënnt, ass sécherlech, an déi geet an déi richteg Richtung."
Et wier sech net falsch, datt d'Regierung een Deel vun der Erhéijung wéilt couvréieren. Fir d'Patronat wier eng aner Léisung awer eng besser gewiescht, esou den Michel Reckinger am 100,7 Interview. Mee d'Decisioun géif zum Schluss bei der Regierung léien an et wier gutt wann Decisioune geholl ginn, och wann dës der UEL net honnert Prozent gefale géifen.
"Mee ech hunn ëmmer gesot d'Regierung lauschtert no deenen engen an deenen aneren. An d'Regierung muss duerno decidéieren."
Eng Suerg vum Patronat war, datt d’Erhéijung vum Mindestloun sech bei verschiddene Betriber op bis zu 60 Prozent vum Rescht vun de Salairen auswierke kann. Nieft dem Mindestloun géing dann och de qualifizéierte Mindestloun, deen 20 Prozent méi ass, beaflosst ginn. Eng Erhéijung géif zu engem "Däiwelskrees, dee mir eis net leeschte kënnen" féieren, esou den UEL-President gëschter um Donneschdeg bei eis op der Antenne.
Gewerkschaftsfront hat sech entsat gewisen no der Annonce vun der Regierung haut um Freideg, datt de Mindestloun just am Kader vun der Indexéierung an der automatescher Upassung un d'Lounentwécklung géif erop goen.