Schonn zënter dem Ufank vum Joer si 14 Mannerjäreger an de Prisong zu Schraasseg komm. D’lescht Joer waren et der insgesamt 24. Eng däitlech Hausse par rapport zu de Jore virdrun.
Zwee Aspekter spillen eng Roll
D’Procureure générale d’État adjointe Simone Flammang gesäit haaptsächlech zwee Aspekter, firwat ëmmer méi Jonker an den Erwuesseneprisong kommen.
"D'Realitéit ass déi, d'Unisec (zu Dräibuer) ass chronesch besat. Do si just zwielef Plazen an déi sinn ëmmer voll."
Dobäi kéim dann nach, datt Jugendlecher hir Approche geännert hätten, wéi si Strofdote beginn. Dat géif och erkläeren, firwat rezent ganzer 6 Mannerjäreger op Schraasseg komm sinn, wéi d’Simone Flammang seet.
"Mir hunn e Phenomeen, dee mir amgaange sinn am A ze behalen, datt Jonker d'Strofdoten net méi eenzel beginn, mee datt si a Gruppen agéieren."
Et kéint een an deem Kontext och vu Gangs schwätzen, seet d’Simone Flammang. D’Police wier amgaangen ze kucken, wéi genee déi Banden organiséiert wieren. Konditioune wéi zu Marseille oder Bréissel hätt een hei zu Lëtzebuerg awer nach net.
Mannerjäreger am Prisong: Eppes, wat een net gär mécht, mee dacks net dolaanscht kënnt
Mannerjäreger wéilt een eigentlech net an den Erwuesseneprisong setzen, esou d’Simone Flammang. Den éischte Choix wier ëmmer d’Unisec zu Dräibuer. Dat wier awer dacks irrealistesch, well déi eigentlech 24/7 voll wier.
"Wann déi awer voll ass, a mir sinn an enger Situatioun, wou mir net derlaanscht kommen, well mir e Problem fir d'Sécurité publique hunn, den Ordre public, a well mir och de Mannerjärege selwer viru sech musse schützen, da bleift eis an deem Moment just nach de Prisong."
Et feelt iwwerall u Strukturen
Et géif definitiv hei zu Lëtzebuerg u Strukture feelen fir Jugendlecher, déi Strofdote beginn ze encadréieren, betount d’Simone Flammang. An dat net nëmme wat d’Unisec zu Dräibuer ugeet.
"Et feelen eis och verschidde ganz spezialiséiert Strukturen, déi mir eeben hei zu Lëtzebuerg net hunn, wéi zum Beispill eng geschlossen therapeutesch Institutioun, déi kann de Suivi maachen no engem Openthalt an der Psychiatrie aigue, oder awer och nach eng intensiv pädagogesch Institutioun mat enger fakultativ geschlossener Unitéit."
Iwwer déi feelend Strukturen hätt een och mam Justiz-, Gesondheets-, an Educatiounsministère eng Reunioun gehat. Do hätt ee Gehéier fonnt, esou d’Simone Flammang, an elo géif gekuckt ginn, wéi eng Strukture Lëtzebuerg spezifesch brauche géing.