arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ RTL/Lunghi Appelprozess: Parquet freet Confirmatioun aus éischter Instanz

Justiz

|
reading time

1 min

RTL/Lunghi Appelprozess: Parquet freet Confirmatioun aus éischter Instanz

Am Appellprozess an der sougenannter RTL/Lunghi-Affär freet de Vertrieder vum Parquet général d’Confirmatioun vum Fräisproch fir den Ex-RTL-Direkter Alain Berwick. Fir déi fréier RTL-Journaliste Marc Thoma a Sophie Schram soll et, Zitat "grosso modo" bei der Strof aus éischter Instanz bleiwen

reading time

1 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Dat war eng Geldstrof vu jee 1.000 Euro an d’Bezuele vum symboleschen Euro un den Enrico Lunghi.

De Prozess an zweeter Instanz hat jo missen nei opgerullt ginn, well e Riichter op onbestëmmten Zäit medezinesch verhënnert ass. U sech hätt nämlech schonn Enn Oktober en zweet Urteel solle gesprach ginn.