An deem Kontext muss den elo Condamnéierte véier Persounen 255.000 Euro Schuedensersaz bezuelen.
Sträit ëm Drogen
De Matugekloten, dee mat enger Matraque drageschloen hätt, ass iwwerdeems zu 9 Méint Prisong mat Sursis verurteelt ginn an zu enger Geldstrof vun 1.500 Euro.
Virun eppes méi wéi 5 Joer war et am fréien Owend am Stater Quartier zu enger Ausenanersetzung tëschent Jonke komm. Am Sträit goung et ëm Drogen, an um Enn hat den deemools 17 Joer jonke Mann ee vun 18 Joer déidlech mat engem Messer blesséiert.