Zënter engem Joer ass de John Petry Procureur général d’Etat. Den 1. Februar 2025 ass hien dat Amt ugetrueden.
Bléck op Ungarn an an d'USA
Um Neijoerschpatt vun der Justiz huet hien ënner anerem den Zoustand vum Rechtsstaat ugeschwat.
Net just an den USA muss ee sech Suerge maachen, mee och a Länner, déi vill méi no leien, wéi zum Beispill an Ungarn. Zu Lëtzebuerg géingen et awer keng Indicatioun ginn, datt géint d’Prinzippie vun der liberaler Demokratie verstouss géif ginn, stellt de John Petry fest. Mee: “Mir musse wachsam bleiwen”.
Zum aktuellen Zäitpunkt géifen et awer keng Indicë ginn, datt de Lëtzebuerger Rechtsstaat a Gefor wier.
Gewaltentrennung stäerkt d'Justiz
Wann elo Stréimungen un d’Muecht kéimen, déi de Rechtsstaat net akzeptéiere wéilten, da misst d’Justiz hir Verantwortung iwwerhuelen, esou de John Petry weider. Si misst sech op d’Verfassung beruffen a vigilant sinn, an eventuell Ënnerstëtzung bei den europäeschen Institutioune siche goen, wéi Polen dat scho gemaach huet.
Zu Lëtzebuerg ginn et allerdéngs och manner Méiglechkeete fir op d’Justiz anzewierken. Dat wéinst der Gewaltentrennung.
Verfassungsännerung vun 2023 huet "grouss Fortschrëtter " bruecht
De Procureur général d’Etat begréisst am 100,7-Interview och nach eng Kéier d’Verfassungsännerung vun 2023. Déi huet mat sech bruecht, datt Riichter net méi vun der Regierung genannt ginn, mee vum Conseil national de la justice. Dat hätt “vill bruecht”, esou de John Petry, deem säi Poste selwer och net méi vun der Regierung besat gëtt.
“Mir hu grouss Fortschrëtter gemaach a Lëtzebuerg ass elo besser opgestallt. De Problem virdru louch an der Diskrepanz tëschent der Praxis, déi rechtsstaatlech war, an den Texter, déi aus der Zäit vum Napoleon stamen.”
Ënner deenen Ëmstänn hätt eng Regierung, déi de Rechtsstaat net akzeptéiert hätt, d’”Rudder direkt ëmgeheie kënnen”, warnt de John Petry.
Frankräich: Riichter gi well perséinlech attackéiert
Urteeler vum Geriicht dierf een och a Fro stellen, seet de Procureur général. D’Kritik misst awer objektiv sinn, an engem moderaten Toun zum Ausdrock bruecht ginn, an d’Legitimitéit vum Geriicht a vun de Riichter net a Fro stellen.
Grad a Frankräich wiere rezent ëmmer méi dacks Riichter perséinlech attackéiert ginn. Dat wier bedauerlech, esou de John Petry.
Affär Nickts: Privatsphär vs. Pressefräiheet
Mat Bléck op d’Urteel an der Affär Nickts, deem säin Numm RTL jo net méi dierf nennen, mengt de John Petry, datt d’Onverständnis vun der Press an engem “moderaten Toun” zum Ausdrock bruecht gouf.
An där Affär wier et op der enger Säit ëm de Schutz vun der Privatsphär gaangen. Op der anerer Säit ëm d’Pressefräiheet. D’Geriichter hätten d’Krittäre vun der Jurisprudenz vu Stroossbuerg appreciéiert, esou de John Petry. Déi Decisioun, déi elo geholl gi wier, wier och net “manifestement falsch”. Och wier – wat d’Kritik vun der Press ugeet – d’Legitimitéit vum Geriicht zu kengem Moment a Fro gestallt ginn.
Zur Tatsaach, datt awer weiderhin aner Medien – ënner anerem de Radio 100,7 – den Numm Jos Nickts weider nennen, wollt de John Petry näischt soen.
Opstockung vum Personal: "Op engem gudde Wee"
E Problem, dee schonn zënter laangem besteet, ass dee vun de laangen Delaie bei der Justiz. Beschëllegter a Geschiedegter musse laang waarden, bis hir Affären traitéiert ginn. Dofir ass bei der Justiz massiv rekrutéiert ginn.
D’Zuel vun de Magistraten ass zejoert ëm 94 Posten eropgaang. “Dat war absolut noutwenneg”, seet de John Petry. Déi aktuell Regierung, an och d’Virgängerregierung, hätte vill Efforte gemaach, fir d’Personal opzestocken, esou de Procureur général d’Etat.
“Ech si virsiichteg optimistesch. Mir sinn op engem gudde Wee, mee mir sinn nach net ukomm.”
Méi Leit bedeit och méi Plaz, an d’Cité judiciaire ass ze kleng, bedauert de John Petry. Am léifsten hätt hien, wan néng nei gebaut géif ginn. Déi misst awer um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg leien, well den Artikel 8 vun der Verfassung dat esou virgesäit. Da misst ee wuel aus dem Stadzentrum erausplënneren, weess och de John Petry.
Gewaltbereetschaft hei am Land klëmmt net
Zur schrecklecher Dot, déi sech rezent um Lampertsbierg ofgespillt huet, seet de John Petry nach, datt Faite vun esou enger Gravitéit rar wieren. Et wier awer keen Indice vun enger gréisserer Gewaltbereetschaft hei am Land.