arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet freet véier Joer Prisong mat integralem Sursis fir de Roberto Traversini

Ex-buergermeeschter

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Parquet freet véier Joer Prisong mat integralem Sursis fir de Roberto Traversini

Den Ex-Buergermeeschter vun Déifferdeng Roberto Traversini soll zu 4 Joer Prisong mat integralem Sursis verurteelt ginn. Dat huet de Vertrieder vum Parquet de Moien a sengem Requisitoire um Stater Geriicht gefuerdert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Stater Geriicht | © Serge Kesseler
Stater Geriicht (Foto: Serge Kesseler)

De grénge Politiker kritt jo ënner anerem de Prozess gemaach wéinst Verontreie vun ëffentleche Suen a Prise illégale d’intérêts. Dobäi sollen eng ugemoosse Geldstrof kommen an e Verbuet vu 5 Joer, fir ëffentlech Fonctiounen auszeüben.

De Vertrieder vum Parquet huet sech an der Haaptsaach un 3 Reprochë géintiwwer dem Roberto Traversini gestouss.

D'Gaardenhaischen nees omnipresent

Do wär, éischtens, de Vertrag mat enger Baufirma, fir ënner anerem d’Gaardenhaischen zu Nidderkuer un de Kanal unzeschléissen. Hei géif et ëm vill Sue goen, an dat wär e ganz ongewéinleche Virgank gewiescht. Am Januar 2018 hätt den Ex-Gemengepapp en Devis dozou eleng ënnerschriwwen. Um Enn hätten déi Aarbechte bal 125.000 Euro kascht, an dofir wär e Budgetsposte vun der Gemeng eropgesat ginn. De Roberto Traversini wär an dësem Fall mat ëffentleche Suen ëmgaange wéi mat sengen eegenen, an dat géif immens schlecht ausgesinn.

Zweetens wären, am Zesummenhank mat Aarbechte vum CIGL um Gaardenhaischen, d’Trëttoirsplättercher do erneiert ginn. Och hei wären d’Suen iwwer e spezielle Budgetsposte gelaf, an d’Aarbechte wären dem Mann, deen dem Roberto Traversini d’Gaardenhaischen dono verierft hat, net a Rechnung gestallt ginn. Hei wär een am schlëmme Fall vun engem Faux vun engem Fonctionnaire, op deem op d’mannst 3 Joer Prisong stéingen.

Drëttens wär tëscht Mee a Juni 2018 eng Wëldschwäiclôture ronderëm d’Gaardenhaische gebaut ginn. De Buergermeeschter Roberto Traversini hätt nees eegestänneg gehandelt an déi Aarbechten ordonéiert, mee d’Rechnung wär vun der Gemeng bezuelt ginn: “Firwat?”, huet de Vertrieder vum Parquet gefrot. Déi entspriechend Zomm wär och eréischt 15 Méint dono zréckbezuelt ginn, wéi d’Affär Gaardenhaischen an d’Ëffentlechkeet koum.

Parquet gesäit bei deenen aneren Ugekloten keng Ursaach fir Prisong

Wat d’Liewenspartnerin vum Roberto Traversini ugeet, géif géint si just ee klenge Fait virleien: Dofir sollt géint si nëmmen eng Geldstrof gesprach ginn. A wat de Gemengebeamten ubelaangt, sou sollt et fir deen zum Fräisproch kommen, well een him kee Reproche kéint maachen.

Dëse Prozess geet e Méinde virun.

play_arrow Lauschteren